Allgemeng Verkafskonditiounen
Dat läit eis um Häerz
Eis Testcritèren
Mir testen eis Produkter alleguerte ganz genee mat eise Kanner. Nëmmen déi Artikelen, vun deene mir denken, dass si sënnvoll sinn, laang halen a gutt fir d’Entwécklung vun de Kanner sinn, hunn iwwerhaapt eng Chance, an eise Katalog ze kommen. Am Mëttelpunkt steet d’praktesch Uwennung am deegleche Liewen. Duerno kontrolléiere mir, ob den Hiersteller déi gesetzlech Richtlinnen anhält, sou dass gesondheetlech Risikoe limitéiert kënne ginn. Dat muss sinn!
Opgepasst - eis Stocken si limitéirt!
Net ëmmer kënne mir eng Offerte d’ganzt Joer ubidden. Dofir gëllt fir all Artikel: nëmmen sou laang mir en nach op Lager hunn! Wa mir Problemer mat der Liwwerung hunn, versiche mir, d’Artikelen duerch aner gläichwäerteger ze ersetzen. Dobäi kënne mir awer net verhënneren, dass d’Form, d’Faarf oder d’Presentatioun heiansdo e bëssen anescht sinn.
Sëcherheet vun den Donnéeën
Är perséinlech Donnéeë si bei eis sëcher!
Mir benotzen SSL als Verschlësselongs- a Sëcherungssoftware. All Är perséinlech Donnéeën (Numm, Adress, Nummer vun Ärer Kreditkaart, Bankcode, Nummer vun Ärem Compte asw.) gi verschlësselt a sëcher am Internet iwwerdroen.
Nëmmen eise JAKO-O Server kann Är Donnéeën nees entschlësselen. Während Är Donnéeën iwwerdroe ginn, kënnen net autoriséiert Persounen, déi versichen, un Är Donnéeën ze kommen, Är Informatiounen net liesen!
Schutz vun den Donnéeën
Är Donnéeë si bei eis geschützt. Fir dass mir Iech de Katalog schécken an Är Commande unhuele kënnen, ginn Är Donnéeën am Computer gespäichert.
Nëmme Firmen, deene mir dat erlabe, däerfen hir interessant Offerten un eis Clientë schécken. Natierlech gi mir Är E-Mail-Adress net weider!
Dir sidd net domat d’accord? Da braucht Dir eis dat nëmme kuerz ze schreiwen!
Eis Katalogen
Hutt w.e.g. Verständnes, dass mir engem Client, dee sech 1 Joer laang net bei eis gemellt huet, kee Katalog méi schécken. Op Demande schécke mir Iech awer selbstverständlech nees e Katalog.
Eisen Haaptkatalog kënnt am August/September eraus, de Summer-Extra-Katalog Enn Februar.
Vermësst Dir Artikelen (aus ale Katalogen), da frot eis einfach!