Allgemeng Verkafskonditiounen
Esou bestellt Dir
Esou kommt Dir un eis!
Esou kënnt Dir an eisem Shop bestellen:
1. Leet déi Artikelen, déi Dir kafe wëllt, an de Weenchen.
2. Gitt Är Donnéeën fir d’Liwwerung an d’Bezuelen an.
3. Gitt Är E-Mail-Adress un, fir dass mir Iech per E-Mail doriwwer informéieren kënnen, wéi Dir d’Saachen eventuell zréckgitt.
4. Als leschte Schrëtt confirméiert w.e.g., dass Är Donnéeën richteg sinn.
5. Klickt zum Schluss op „Bestellung ofschécken!“.
Dir maacht eng fest Bestellung, wann Dir déi verschidden Etappen vun der Online-Bestellung duerchlaaft, all Är Donnéeën agitt an zum Schluss op „Bestellung ofschécken!“ klickt.
De Vertrag gëtt nëmmen op Däitsch ofgeschloss.
De Kafvertrag gëllt, wa mir Är Bestellung duerch d’Liwwerung vun der Wuer unhuelen oder Iech Bescheed soen, dass d’Liwwerung bei eis erausgeet.
Är Bestellung gëtt bei eis gespäichert. Wann Dir d’Ënnerlagen vun Ärer Bestellung verléiert, schéckt eis w.e.g. en E-Mail, e Fax oder rufft eis un. Mir schécken Iech dann eng Copie mat den Donnéeën vun Ärer Bestellung.
Esou kommt Dir un eis!
Iwwer Internet: www.jako-o.lu
E-Mail: eu-kontakt(at)jako-o.com
Iwwer Telefon: Däitschland: +49 (95 64) 92 96 00 01
Méindes bis Samschdes: 8.00 bis 24.00 Auer (MEZ)
Sonndes si mir fir eis Familljen do!
- Am Internet si mir awer Dag an Nuecht fir Iech do!
Iwwer Fax: Däitschland: +49 (95 64) 92 96 75 00
Mat der Post:
JAKO-O GmbH
...Kindersachen mit Köpfchen
96475 Bad Rodach
Däitschland
Vergiesst w.e.g. Är Adress net!
(Mir kréien am Duerchschnëtt all Dag 10 Commanden ouni Adress!)
Grouss Artikelen an Artikele mam Numm drop
Grouss Artikelen oder Artikelen, déi vill Plaz brauchen, liwwere mir op Demande wann Dir d’Transportkäschten iwwerhuelt. Hei fannt Dir eng Lëscht mat esou Artikelen a mat den Transportkäschten, déi dofir ufalen.
D’Liwwerzäit fir Artikelen mam Numm ass méi laang a si kënnen net zréckginn oder ëmgetosch ginn.
Bestellung ouni Risiko!
Mir sinn esou iwwerzeegt vun der Qualitéit vun eise Produkter, dass mir all Artikelen (mat Ausnam vun Artikele mam Numm drop oder CDen,CD-ROMen an DVDen, déi net méi versigelt sinn) am Zäitraum vu 14 Deeg zréckhuelen.
Wann Dir eppes zréckschéckt, heescht dat allerdéngs, dass gewëssen Transporta Porto-Risikoen bestinn, well Dir d'Portokäschte fir zréckzeschécke selwer musst bezuelen!
De Kafvertrag gëllt, wa mir Är Bestellung duerch Liwwerung vun der Wuer oder duerch d’Matdeelung vun der Ausliwwerung unhuelen. De Vertragstext gëtt bei eis net gespäichert a kann no Ofschloss vun der Bestellung am Internet net méi opgeruff ginn. Dir kënnt d’Donnéeë vun Ärer Bestellung awer direkt nom Ofschécken ausdrécken.
Kee Mindestwäert, deen Dir musst bestellen!
Well mir Iech och Äre klengste Wonsch erfëlle wëllen, gëtt beim JAKO-O kee Mindestwäert, deen Dir musst bestellen.