Allgemeng Verkafskonditiounen
Esou liwwere mir
Esou liwwere mir
Portokäschten a Verpakong:
Fir d’Portokäschten a fir eng zolidd Verpakong berechne mir Iech déi folgend Forfaiten:
7,50 EUR fir d’Belsch, Frankräich, Italien, Dänemark, Groussbritannien, Lëtzebuerg, Holland.
12,50 EUR fir Finnland, Griicheland, Irland, Portugal, Schweden, Spuenien, Estland, Lettland, Litauen, Polen, Slowakei, Slowenien, Tschechien, Ungarn, Rumänien, Bulgarien.
An ärem Land kënnt Dir de Pak un all Wonschadress schécke loossen. Op d’Kanaresch Inselen, Malta an Zypern liwwere mir net.
Als Pak
No eiser Erfahrung brauch e Pak mat der Part ongeféier 1 Woch, wann all Artikelen am Lage sinn.
Grouss Artikelen oder Artikelen, déi vill Plaz brauchen
liwwere mir op Demande wann Dir d’Transportkäschten iwwerhuelt. Hei fannt Dir eng Lëscht mat esou Artikelen a mat den Transportkäschten, déi dofir ufalen.
D’Liwwerzäit fir Artikelen mam Numm ass méi laang a si kënnen net zréckginn oder ëmgetosch ginn.
Fir Chrëschtdag, Ouschteren, Feierdeeg an an der Vakanzenzäit kann et och emol méi laang daueren. Bestellt also w.e.g. mat Zäiten.
Recht, d’Wuer zréck ze ginn
Dir kënnt Är Bestellung bis spéitstens 2 Wochen, nodeems Dir d’Wuer kritt hutt, zréckginn, ouni dass Dir dofir Grënn musst uginn an ouni Käschten oder Risikoe fir Iech. Dat gëllt allerdéngs net fir CDen, CD-ROMen an DVDen, déi net méi versigelt sinn an net fir Artikele mam Numm drop, déi extra fir Iech gemaach gi sinn.
Den Délai respektéiert Dir wann Dir d’Wuer mat Zäiten zréckschéckt.
Fir d’Wuer zréckzeschécke muss Dir onbedéngt d’Portokäschte bezuelen! Wann et sech em e Garantiefall handelt, rembourséiere mir Iech d’Portokäschte wann Dir e Beleeg virleet.
Schéckt d’Artikele w.e.g. un déi heiten Adress zréck:
JAKO-O GmbH
Geschäftsführender Gesellschafter: Klaus Habermaaß
Geschäftsführer: Harald Grosch
Werner-von-Siemens-Str. 23
96476 Bad Rodach
GERMANY
Ust.ID-Nr. DE 811 270 797
Amtsgericht Coburg HRB 1339
Wann et net méiglech ass, d’Wuer mat der Post zréckzeschécken, da kënnt Dir eis an dem genannten Délai och schrëftlech matdeelen, dass Dir gären eppes géingt zréckginn.
Natierlech interesséiert et eis, firwat Dir d’Artikelen zréckschéckt. Dofir kënnt Dir eis op dem Coupon fir d’Wuer zréckzeschécken Är Grënn uginn.
D’obligatoresch Garantie ass 2 Joer